metalgamer - A blog about music, computer science, politics and philosophy

Folgenden Artikel ass den 09 Januar 2016 am Journal, ënnert der Rubrik “Kloertext”, ver­ëf­fent­lecht ginn.

Enn November huet eis Regierung nei Sé­cher­heetsme­surë vir­ge­stallt, déi si gäre wéilten aféieren, dozou gehéiert och den sou­ge­nann­ten "Staats­tro­ja­ner".

Een Trojaner ass ee Schued­pro­gramm, deen am Computer setzt an dorobber waart bestëmmt Date bei säi Bedreiwer ze schécken. Wei den Trojaner sech am Computer anisst, hänkt vum Bedreiwer of. Normal Trojaner ginn iwwer Websäiten oder Unhänk an Mails iwwerdroen. Hei ass den éischten Ën­ner­scheed zum Staats­tro­j­ner, well dee géif héchst­wahr­schein­lech iwwert Police, bei enger Kontroll oder enger Haus­du­erch­su­chung, an de Computer gelaangen. Doriwwer hätt Police dann Zougrëff ob den Computer a kéint dem Trojaner bestëmmt Befehler schécken, wéi z.B. lauschter elo "Skype" of.

Beim Staats­to­ja­ner ginn et ee puer technesch, ethesch an juristesch Bedenken. Technesch gesinn muss ee sech Froe stellen, wei dessen Staats­tro­ja­ner pro­gram­méiert ass. Den däitsche Staats­tro­ja­ner huet gewisen, dass oft esou Software, schlecht pro­gram­méiert ass a domadder desse Programm och vun anere Léit géint benotzt ginn an net nëmme vun der Police. Juristesch muss een Fro stellen, wéi wäit Kompetenze vum Staats­tro­ja­ner ginn, dat heescht wat däerf deen alles maachen. Och hei huet den däitsche Staats­tro­ja­ner nees gewisen, dass oft Kom­pe­ten­zen bei wäitem iwwert dat erausginn, wat gesetzlech erlaabt wier. Och stellt sech Fro, ob déi Daten, déi vum Staats­tro­ja­ner agefaange ginn, iwwerhaapt dierften ana­ly­séiert ginn, well den Staats­tro­ja­ner jo den Zoustand vum Computer verännert an domadder kéint Police och ver­däch­tegt Material ën­ner­ju­be­len.

Pri­vat­sphär geet och massiv age­schränkt, well een zu all Moment, kéint of­ge­lausch­tert ginn an een kee Kom­mu­ni­ka­tiouns­mët­tel méi huet, deem ee kéint trauen. Argument vu "Ech hunn näischt ze verstoppen!" ass och faktesch falsch, well jiddereen huet eppes ze verstoppe. Net jidderee gëtt seng Kre­dit­ka­art mam PIN weider un de Noper. Iw­wer­waa­chung huet och een psy­cho­lo­ge­schen Effet andeems een Mësstrauen zwëschen den Bierger erhéicht. Jidderee seet zu sech selwer, dass hien näischt béises mécht, mee firwat gëtt da mäin Noper iw­wer­waacht. Huet deen eppes béises fir? Ee positiv Ze­sum­me­lie­wen an der Ge­sell­schaft wier esou net méi méiglech. Eng generell Iw­wer­waa­chung brécht Grond­pfei­le­re vum ge­sell­schaft­le­chen Ze­sum­me­lie­wen.

De Staats­tro­ja­ner ass eng weider Mesure, déi den Bierger géif ënner Ge­ne­ral­ver­dacht stellen. On­scholds­ver­mu­tung wier dermadder ëmgedréint an all Bierger wär schëlleg bis seng Onschold bewise wier. Regierung geet domadder ee Schrëtt weider a Richtung Iw­wer­waa­chungs­staat an géif Basis, ob där eis Demokratie opgebaut ass, ën­ner­grue­wen.